Ansichten-Navigation

Veranstaltung Ansichten-Navigation

Heute

Sprungbude

Sprungbude Harbigweg 1-3, Heidelberg, Baden-Württemberg, Germany

Salut alleguer, Als nächst Event hu mir eis iwwerluecht, zesummen an d'Sprungbude sprangen ze goen. Dat ass eng Hal mat 2500qm Fläch mat 80 Trampolinnen mat Spiller wéi "Dodgeball-Arena, Slam Dunk oder Free Jump". Liest iech gären op hirer Internetsäit méi dozou duerch:https://sprungbude-heidelberg.de/Lass geet dat ganzt um 17h00, do kréie mer dann nach eng Einweisung,...

19,90€

Stammdësch/Karaoke

Kaiser Untere Str. 30, Heidelberg, Baden Württemberg, Deutschland

Salut alleguer, Dësen Donneschden gi mir als éischt op d'Karaoke Event am Kaiser, an zéien dann herno weider an de Vater Rhein wou mer den Owend ausklénge loossen. Kommt gäre bis laanscht!

Quizowend

SoccArena Harbigweg 8, Heidelberg, Deutschland

Du weess alles besser, suchts een Trivia Spill no dem aneren oder beräichers den Alldag vun all denge Frënn konstant mat Fun Facts? Da komm op eise phänomenalen LSH Quiz Owend den 28. November, wou verschidden Teams géinteneen untriede wäerten.💥 Mell dech ganz einfach bis de 27. November hei op dëser Säit un, wou s...

Glühwäinwanderung

Salut alleguer, De Sonnden treffe mir eis um 14h00 um Bismarckplatz, fir zesummen eng Wanderung op de Königsstuhl ze maachen. Mir hunn eis geduecht dass déi Leit déi wëllen sech ganz gären eng Thermoskan mat Glühwäi mathuele kënnen, fir deen ënnerwee ze schluppen. Mir freeën eis op iech!

Chrëschtmaart zu Mannheim

Hauptbahnhof Willy-Brandt-Platz, Heidelberg, Baden-Württemberg, Germany

Et gëtt jo näischt méi Passendes, wéi op Niklosdag eppes méi extras ze maachen an dowéinst gi mir de 6. Dezember op de Chrëschtmaart zu Mannheim!🎄🌟 Dofir treffe mir eis um 18:30 um Hauptbahnhof zu Heidelberg fir zesumme S-Bahn (S3) um 18:43 a Richtung Mannheim ze huelen. Sidd dowéinst w.e.g pünktlech do, fir dass mer...

Chrëschtiessen

Hans Hirsch Hauptstraße 190, Heidelberg, Baden-Württemberg, Germany

Léif Memberen nodeems dir iech schonn (hoffentlech) all mat genuch Glühwäin um Chrëschtmaart fir d’Wanterzäit virbereet hutt, wëlle mir iech op eis järlech Chrëschtiessen vum LSH invitéieren! D’Chrëschtiessen fënnt dëst Joer am “Hans Hirsch’s Kurpfalzbräu” statt a geet um 19 Auer lass. Dobäi ass wichteg ze soen, dass dir dëst Joer ären Iessenschoix fir den...

Schlittschung fueren

Icehouse Eppelheim Rudolf-Diesel-Straße 20, Eppelheim, Germany

Léif Heidifrënn,Niewend dem ville Glühwäin a voller Virfreed fir déi kommend Feierdeeg, hu mir eis geduecht, dass et villäicht flott wier, nach e Sportevent ze maachen, bevir mir eis an d’ Wanterpaus verabschiden.Den LSH huet ofgestëmmt an sech entscheet, fir passend zu der Joreszäit e bësse Schlittschung fueren ze goen. Dëst wäert de 14. Dezember um 19 Auer...

Stammdësch

Universitätsplatz Grabengasse 1, Heidelberg, Germany

Salut alleguer, en Dënsden treffe mir eis eng leschte Kéier virun der Chrëschtvakanz fir e Stammdësch. Fir nach vum Chrëschtmaart ze profitéieren, treffe mir eis um 19h00 um Uniplatz. Mir freeën eis op iech!

Badener Bal 2024

Al Seeërei rue de l''industrie, Diekirch, Luxembourg

WICHTEG: Eng Umeldung fir dëst Event iwwer de Site ass net obligatoresch an zielt net als Ticket. Dir musst iech hei en Ticket kafen: https://badenerbal.flixtix.lu/tickets Den AELK, de SLUF an den LSH invitéieren iech dëst Joer fir d'éischte Kéier zesummen op de Badener Bal, den 21. Dezember an der aler Seeërei! Hei nach e puer...