Du wëlls Member beim LSH ginn fir un eisen Eventer deelzehuelen an zum Veräin ze gehéieren? Gutt Entscheedung! An dat ass och am Prinzip ganz einfach.

Fir Member ze ginn, muss du dech einfach op eiser Säit registréieren. Dat kanns du am Memberberäich ënner „Registréieren“ maachen. Dann muss du juste nach 7 Euro op eisen Konnt iwwerweisen an ofwaarden dass mir däin Account fräischalten.

IBAN: LU51 0030 5421 7778 0000
BIC: BGLLLULLXXX
Referenz: „Virnumm“ „Numm“ „E-Mail“


Déi 7 Euro sinn all Semester ze bezuelen, dat heescht mir deaktivéieren um Ufank vun all Semester all Account, an aktivéieren se dann erëm soubal den entspriechende Montant iwwerwisen gouf.

Hues du lo nach Froen? Dann zéck net eis ze kontaktéieren!