Salut léif Frënn vum Heidi,![]()
Dir kënnt iech nach bis muer 18h fir den Bowling umellen: forms.gle/xMJK6UCCX6Gud52o8 🎳![]()
Bréngt och ären gültegen Studentenausweis mat, sou kënnt dir d’Schong gratis ausléinen!![]()
Bis dann,
D’Heidi an den LSH-Comité 🧡
Salut léif Frënn vum Heidi,
Muer as et endlech sou weit! Mir freeën eis alleguer schon op muer an sin frou vill al an nei Gesiichter ze gesin!🧡
Mir verkaafen dann och eis Memberskaarten fir 7€. Mat enger Memberskaart kënnt dir wärend dem Semester bei verschiddenen Eventer vum LSH profitéieren. ![]()
Also bis muer,
D‘Heidi an den LSH-Comité🧡
Du hues Loscht däin Wëssen ze testen?🤓
Du wees nach net wats de den Samschdeg maachen solls?
Dann mell dech elo fir mam LSH déi aner Gruppen erauszefuerderen. Schreif eis einfach iwwer Social Media an du bas den Samschdeg dobäi!![]()
Weider Informatiounen gin et bei der ACEL.
De Méindeg war zu Heidelberg de mëttlerweil traditionellen Student fir een Daag. No engem ausféierlechen Virtag vun enger Studienberoderin an vum Lsh as et rop gaangen bei d‘Schlass. Fir do erop, konnten eis zukünfteg Studenten genuch Kalorien verbrennen fir dann an der Mensa genuch iessen ze kënnen. Duerno as et dann mat engem Deel vun de Schüler weider an d‘Neuenheimer Feld gaangen, wou mir eis de wëssenschaftlechen Campus ugekuckt hun. Déi aner Schüler konnten wärenddem d‘Srh besichtegen. No engem leckeren Owessiessen hun d‘Schüler sech dann nees zréck an Direktioun Lëtzebuerg gemaach.
Mir hoffen dass et jidderengem gefall huet an mir an Zukunft vill vun den Schüler als Heidelberger Studenten begréissen kënnen.