Lade Veranstaltungen
  • Diese Veranstaltung hat bereits stattgefunden.

11. Dezember 2024 @ 19:00 23:59

Léif Memberen

nodeems dir iech schonn (hoffentlech) all mat genuch Glühwäin um Chrëschtmaart fir d’Wanterzäit virbereet hutt, wëlle mir iech op eis järlech Chrëschtiessen vum LSH invitéieren!

D’Chrëschtiessen fënnt dëst Joer am “Hans Hirsch’s Kurpfalzbräu” statt a geet um 19 Auer lass.

Dobäi ass wichteg ze soen, dass dir dëst Joer ären Iessenschoix fir den Haaptplat am Viraus bei der Umeldung musst uginn! Wat fir eng Optiounen dir hutt, fannt dir hei. D’Umeldunge lafen och nëmmen bis Méindes den 9. Dezember! Also maacht iech séier bäi.

Fir eis de Feierlechkeeten unzepassen, géife mer et ganz flott fannen, wann dir deementspriechend bësse méi chique ugedoe wiert (dat ass Chance d’Sonndesgezei aus dem Schaf ze huelen😉)

Niewent dem Iessen a Gedrénks, hu mer eis geduecht och dëst Joer rëm ze Wichtelen. Wann dir do wëllt mat, maachen da bréngt den Dag selwer ee Kaddo am Wäert vu 5-10€ mat. Vue dass mir am Restaurant selwer éischt wäerten zéien, ween wat kritt – misst et (beschtefalls) eppes sinn, wat fir jidderee kéint sinn! Lescht Joer war dat richteg flott a witzeg an hoffen dowéinst dass och dëst Joer do rëm genuch Leit mat maachen. 🎁

Mir hoffen iech all zahlräich ze gesinn a freeën eis schonn op e flotten Owend!🎄🌟 🎁

Hans Hirsch

Hauptstraße 190
Heidelberg, Baden-Württemberg 69117 Germany
Google Karte anzeigen
Veranstaltungsort-Website anzeigen