En Intercercle ass en Event, wou ee Cercle eng Aktivitéit a senger Staat organiséiert an all déi aner Cerclen aluet, fir matzemaachen. Dës Aktivitéit ass allerdéngs net begrenzt op eng Soirée, mä kann och iwwert méi Deeg goen. Zil vun engem Intercercle ass et, Lëtzebuerger Studenten an der jeeweileger Staat ze regroupéieren. Doduerch bléift een a Kontakt, kann nei Frëndschafte schléissen oder einfach nëmmen e gemittlechen Dag mat de Participante verbréngen.

Et ginn relativ vill Intercerclen, déi deelweils all Joer stattfannen. Als klengt Beispill hu mer zum Beispill och en Heidelberger Intercercle, de Feierwon! Dee fënnt ëmmer deen éischte Weekend nom 15. Juni statt.
Feierwon ass den Numm, well mir zwou Stonnen laang mat enger Bunn aus den 60er Joren ronderemfueren, déi mat enger Musekanlag an enger Bar équippéiert ass. Op dësen Intercercle lueden mir dann e gudde Mount virdrunn eben net nëmmen all Lëtzebuerger Student zu Heidelberg, mee och an sämtlechen aneren Stied an. Dat ass eng mega Geleenheet, nei Leit kennenzeléieren an sech gutt dabei ze amuséieren.

Wanns du lo Loscht kros, heiansdo mat op sou een Intercercle ze kréien, da kanns du dech gären fir een umellen. Du kanns eis oder aner Memberen vum LSH och gären froen, ob een mat dohi kënnt. Normalerweis sinn mir souwisou op sou munchem IC unzetreffen!