Du wëlls Member beim LSH ginn fir un eisen Eventer deelzehuelen an zum Veräin ze gehéieren? Gutt Entscheedung! An dat ass och am Prinzip ganz einfach.
Fir Member ze ginn, muss du der en Account op eiser Säit erstellen. Dat kanns du am Memberberäich ënner „Registréieren“ maachen. Dann muss du juste nach 12 Euro op eisen Konnt iwwerweisen (oder eisem Tresorier op enge vun eisen Events ginn) an ofwaarden dass mir däin Account fräischalten.
IBAN: LU51 0030 5421 7778 0000
BIC: BGLLLULLXXX
Referenz: „Virnumm“ „Nonumm“ Memberskaart 24/25
Opgepasst! D’Memberskaart ass gülteg fir ee Joer, an zwar vun Oktober bis Oktober.
Hues du lo nach Froen? Dann zéck net eis ze kontaktéieren!