Lade Veranstaltungen

17. April 19. April

Léif Heidifrënn,

Den LSH Gruppeweekend geet dëst Joer an déi nächst Ronn a wäert de 17. – 19. Abrëll stattfannen. D’Location vun dësem Joer wäert och rem „Haus Centblick“ zu Reichartshause sinn – vläit klappt et dëst Joer bei den El Gringo ze goen😉

Niewent Entertainment a flott Aktivitéiten, wäerte mir och fir d’Iessen a Gedrénks suergen – dir muss also nëmme gutt Laun a vill Motivatioun matbréngen.

D’Umeldung leeft iwwert lsh.lu a wäert de Sonnden 15. Mäerz um 20:00 Auer opgoen. D’Plazen si limitéiert also maacht iech bäi. 

De Weekend wäert 30€ pro Persoun kaschten. Dir sidd nëmme mat enger Bezuelung definitiv ugemellt! Hei dann och dem LSH seng Konto Informatiounen nach emol:

Titulaire: Letzebuerger Studenten / Heidelberg 

IBAN: LU27 0019 8055 6651 7000
BIC: BCEELULL
Referenz: „Nonumm + Virnumm“, Gruppeweekend 2026

D’Umeldung ass bis den 02.04 21h méiglech, bis dohi muss dann och bezuelt sinn.

Méi Detailer zu Un- an Ofrees, genau Aktivitéiten a wat soss nach wichteg fir de Weekend ka sinn, kommen nach no!

Mir freeën eis op jiddereen dee beim Gruppeweekend wëll dobäi sinn!

Bis geschwënn !

Äert Heidi an de Comité 

30€

Haus Centblick

Neue Industriestraße 18-20
Reichartshausen, Deutschland 74934
Google Karte anzeigen
Veranstaltungsort-Website anzeigen