- Diese Veranstaltung hat bereits stattgefunden.
21. Juni @ 15:30 – 22. Juni @ 13:00
Léif Frënn vum Heidi,
Den LSH invitéiert iech och dëst Joer rëm op Heidelberg fir déi 4. Editioun vum Intercercle ,,De Feierwon’’, deen den 21. a 22. Juni stattfanne wäert.
Een éischten inoffizielle Programmpunkt ass awer scho Freides, den 20. Juni: Um „After-Beach Owend“ kennen déi éischt motivéiert schonn zu Heidelberg ukommen an op der Neckarwiss een entspaanten Owend mat eis verbréngen. Besonnesch interessant fir déi, déi Donneschdes schonn ob engem aneren IC ënnerwee sinn 😉🏐
Samschdes, de 21. Juni, geet et dann ab 15h30 zu Heidelberg um Hans-Thoma-Platz lass, wou mir mam Feierwon (eng Stroossebunn aus de 60er Jore mat enger Bar u Bord) fir 2 Stonnen duerch Heidelberg fueren, an zesumme mat gudder Musek a genuch Gedrénks an den Owend starten. Ab ca. 18h30 organiséiere mir nach ee klénge Flunkyball Tournoi a ginn duerno weider op d’„Hendsemer Kerwe“, wou mir eppes iessen (an natierlech drénken) wäerten an de Recht vum Owend ausklénge loossen.
D’Kerwe ass e Fest zu Handschuhsheim (Staddeel vun Heidelberg), dat vergläichbar mat „Al Dikrech“ ass. Vun Iess- a Gedrénksstänn iwwert verschidde Bands an DJs fënnt een hei an de Stroossen vun Heidelberg alles wat ee brauch fir e flotten Owend zesummen ze verbréngen. Sonndes de 22. Juni gi mir da géint 11h00 all zesumme Brunchen.
D’Plaze fir d’Bunn sinn leider limitéiert: dofir first come,first served! De Flunkyball an den Owend op der Kerwe sinn awer net limitéiert, soudass och Léit déi keng Plaz méi an der Bunn kréien oder réischt méi spéit kënnen, da gären nokomme sollen. Gidd dëst just w.e.g. am Formulaire un.
De Präis fir déi Leit déi mat der Bunn matfueren ass 14€. Wien no der Bunn Pizza wëll mat iesse misst nach eng Kéier 7€ bezuelen. Dat gëllt och fir déi, déi net mat an d’Bunn ginn. D’Gedrénks an der Bunn an op der Kerwe souwéi de Brunch Sonndes moies sinn net am Präis mat dran. D’Präisser vum Gedrénks sinn awer ganz studentefrëndlech!
Falls dir eng Schlofplaz braucht, gitt dat w.e.g. am Formulaire un, eng begrenzten Unzuel kënne mir zur Verfügung stellen.
D’Heidi géif sech freeën iech all zu Heidelberg kënnen ze begréissen!
Léif Gréiss,
Den LSH