Lade Veranstaltungen
  • Diese Veranstaltung hat bereits stattgefunden.

19. Juni 21. Juni

Léif Frënn vum Heidi,

Den LSH invitéiert iech och dëst Joer rëm op Heidelberg fir déi 5. Editioun vum Intercercle ,,De Feierwon’’, deen de 19. bis de 21. Juni stattfanne wäert.

Den 19. Juni fänkt eisen IC mat engem Wëllkommspatt un. Do gi mir all zesummen an eise Stammcafé “Vater Rhein” oder op Neckarwiese (Wiederofhängeg) fir op de Weekend unzestoussen.

Samschdes, de 20. Juni, geet et dann ab 15h30 zu Heidelberg lass, wou mir mam Feierwon (eng Stroossebunn aus de 60er Jore mat enger Bar u Bord) fir 2 Stonnen duerch Heidelberg fueren, an zesumme mat gudder Musek a genuch Gedrénks an den Owend starten. Ab ca. 18h30 organiséiere mir nach ee klénge Flunkyball Tournoi a ginn duerno weider op d’„Hendsemer Kerwe“, wou mir eppes iessen (an natierlech drénken) wäerten an de Recht vum Owend ausklénge loossen. D’Kerwe ass e Fest zu Handschuhsheim (Staddeel vun Heidelberg), dat vergläichbar mat „Al Dikrech“ ass. Vun Iess- a Gedrénksstänn iwwert verschidde Bands an DJs fënnt een hei an de Stroossen vun Heidelberg alles wat ee brauch fir e flotten Owend zesummen ze verbréngen.

Sonndes de 21. Juni gi mir da géint 11h00 all zesummen an den “UrbanKitchen” brunchen.

D’Umeldunge ginn de Méinden, de 25. Mee um 17:00 op a si bis de 14. Juni (23:59 Auer) op.

D’Plaze vun der Bunn si limitéiert, dofir gëllt hei wéi ëmmer: first come first served.

D’Plaze fir de Flunkyball an den Owend op der Kerwe sinn awer net limitéiert, soudass och Léit déi keng Plaz méi an der Bunn kréien oder réischt méi spéit kënnen, da gären nokomme sollen.

Gidd dëst just w.e.g. am Formulaire un.

Hei kenns du zum Formulaire fir dech unzemellen!

De Präis fir den Intercercle ass follgendermoossen opgedeelt:

• Bunn + Pizza: 21€

• Bunn: 16€

• Pizza: 5€

D’Leit déi net mat der Bunn matfueren an och keng Pizza mat iessen mussen näischt bezuelen.

D’Gedrénks an der Bunn an op der Kerwe souwéi de Brunch Sonndes moies sinn net am Präis mat dran. D’Präisser vum Gedrénks sinn awer ganz studentefrëndlech! Méi genau Informatiounen iwwert d’Bezuele kommen dann an enger Bestätegungsmail no der Umeldung!

Falls dir eng Schlofplaz braucht, gitt dat w.e.g. am Formulaire un, eng begrenzten Unzuel kënne mir zur Verfügung stellen.

D’Heidi géif sech freeën iech all zu Heidelberg kënnen ze begréissen!

Léif Gréiss,

Den LSH