- Diese Event hat bereits stattgefunden.
26. April @ 18:00 – 28. April @ 10:00
Léif Membere vum LSH an déi déi et gäre géife ginn,
Fir dëst Semester hu mir am Comité eis eppes Neies iwwerluecht. Mir organiséieren en LSH-Gruppeweekend am Haus Centblick zu Reichartshausen. Dohinner komme mer mam Bus oder mam Auto, et leit nämlech ongeféier eng Stonn vun Heidelberg fort.
Dat ganzt ass dofir geduecht fir sech ënnertenee besser kennenzeléieren, also mellt iech gären och u wann dir nach nei zu Heidelberg sidd! Geplangt sinn Aktivitéiten, dat een oder anert erfrëschend Gedrénks bei hoffentlech guddem Wierder an natierlech och zesummen iessen.
Dir kennt iech elo schonn umellen, d’Informatioune wéi dat mam Bezuele geet kommen dann nach no. Zéckt net eis bei Froen ze kontaktéieren.
Mir freeën eis op iech!