Léif Heidifrënn,
D‘ Wantersemester 2026/27 steet virun der Dier an domat léisst och dat éischt LSH-Event net laang op sech waarden!
De 14. Oktober organiséiert den LSH en Ersti-Owend, wou mir eise Studenteveräin den neie Studentinnen a Studente virstellen. Dëst fënnt an der Neuen Uni am Hörsaal 5 um 18:30 statt.
Fir sech duerno besser kennenzeléiere schléisst direkt e Rallye un den Erstiowend un. Dësen ass fir jiddereen oppen a fënnt um 19:30 statt. Treffpunkt ass um Uniplatz
Bei der Umeldung kënnt dir uginn, ob dir beim Erstiowend an/oder beim Rallye derbäi wëllt sinn.
Mir freeën eis, iech erëmzegesinn!
Léif Gréiss
Ären LSH-Comité

