Lade Veranstaltungen

2. Juli @ 19:00 23:59

Léif Memberen a léif Frënn vum Heidi,

de Comité vum LSH luet Iech op d’Generalversammlung vum Joer 2025 an. Dës fënnt de Mëttwoch, den 2. Juli an der SoccArena (https://maps.app.goo.gl/FZd3Vae8AZ1QySKY9) zu Heidelberg, um 19:00, statt.

An der Generalversammlung gëtt och erëm een neie Comité gewielt. Wanns du motivéiert bass, fir am Comité aktiv ze ginn, da kanns du gären ënnert dësem Link deng Kandidatur stellen: https://forms.office.com/e/d6hC7Dswqu

A wanns du dir nach net sécher bass, kanns du dech och spontan kandidéieren oder am Laf vum nächste Semester den néie Comité dorops uschwätzen.

Mat beschte Gréiss,
den LSH

DAGESUERDNUNG

1. Wëllkommenswuert vun der Presidentin
2. Approbatioun vun der Dagesuerdnung
3. Aktivitéitsrapport
4. Keesebericht
5. Rapport vun de Reviseuren
6. Decharge vum Tresorier
7. Comitéswalen
8. Resultater vun de Comitéswalen
9. Schlusswuert vun der aler Presidentin

Umeldungen

Jessie SchintgenAurélie MaarSeid NurkovicDiana Da Silva LopesLynn OlingerIlfan HukicCyril Tomassi
Lara PividorTim KolberCathy HentgesYasmina GerinLuca WeissenNoah FernandezFelix Lux

Fir dëst Event kanns de dech leider just als Member umellen.