Lade Veranstaltungen
  • Diese Veranstaltung hat bereits stattgefunden.

14. Juni @ 17:00 23:00

Léif Heidifrënn, léif Memberen a léif Anciens,

Mir feieren Samsdes, de 14. Juni 25 Joer Lëtzebuerger Studenten zu Heidelberg a.s.b.l. a freeën eis iech alleguerten kënnen ze invitéieren!

D’Umeldung ass leider schonn zou!

Fir z’iessen ass op eiser 25 Joer Feier natierlech gesuergt. Mir hunn eis hei fir ee Barbecue-Buffet mat Entrée, Zaloten, diversem Gegrills a leckeren Desserten entscheed.

Och d’Gedrénks soll net ze kuerz kommen, an dofir sinn all Gedrénks am Präis mat dran. Dat geet vu Béier iwwer Wäin bis hin zum Melonenschnaps. Et geet also sécher keen duuschtereg heem!

Programm

17:00 Auer

Arrivée mat Begréissung vun der aktueller Presidentin.

18:00 Auer

Usprooch vun aktueller a fréieren PresidentInnen a Réckbléck op 25 Joer LSH a.s.b.l.

18h30 Auer

Ouverture vum Buffet.

Location

Moods Eventlocation

Carl-Bosch-Straße
Heidelberg, Baden-Württemberg 69115 Germany
Google Karte anzeigen
Veranstaltungsort-Website anzeigen

Präis

Fir dass jiddereen sech eisen Anniversaire leeschte kann, hu mir décidéiert zwee Präiskategorien unzebidden. Mir froen net no Immatrikulatiounsbescheinegungen, a vertrauen hei op Är Éierlechkeet.

Student

35€

Net-Studenten

60€

Wéi kann ech mech umellen?

D’Umeldung ass leider schonn zou!

Wat ass den Dresscode fir den Anniversaire?

Casual Chic bis Chic – jee nodeem wouran ee sech méi wuel fillt.

Kann ech och Fotoen aus menger Zäit am LSH eraschécken?

Jo, doriwwer géife mir eis immens freeën! Schéckt eis gären e Message iwwer Social Media oder per Mail, da loosse mir Iech e Link fir eis Cloud zoukommen, an Dir kënnt Är Fotoen eroplueden.

Dierf ech ee Plus-1 matbréngen?

Dat ass kee Probleem, déi Persoun ka sech ganz normal umellen, soll awer de volle Präis vu 60€ bezuelen, och wann se nach Student ass.

Gäre kënnt dir d’Event och mat Äre KolleegInnen aus Ärer Studienzäit deelen!