30. Juni @ 19:00 – 23:59
Léif Heidifrënn,
de Comité vum LSH luet Iech op d’Generalversammlung vum Joer 2026 an. Dës fënnt de Dënsten, den 30. Juni an der Neuen Uni Hörsaal 4a (Universitätsplatz 1) zu Heidelberg, um 19:00, statt.
An der Generalversammlung gëtt och erëm een neie Comité gewielt. Wanns du motivéiert bass, fir am Comité aktiv ze ginn, da kanns du gären ënnert dësem Link (bis den 28.06 um 21:00) deng Kandidatur stellen: Kandidatur Comité 2026 – Fill out form
A wanns du dir nach net sécher bass, kanns du dech och spontan kandidéieren oder am Laf vum nächste Semester den néie Comité dorops uschwätzen.
No der AG lued d’Heidi iech an, mat him den een oder den aaneren drenken ze goen.

