14. Juni @ 17:00 – 23:00
Léif Heidifrënn, léif Memberen a léif Anciens,
Mir feieren Samsdes, de 14. Juni 25 Joer Lëtzebuerger Studenten zu Heidelberg a.s.b.l. a freeën eis iech alleguerten kënnen ze invitéieren!
Fir z’iessen ass op eiser 25 Joer Feier natierlech gesuergt. Mir hunn eis hei fir ee Barbecue-Buffet mat Entrée, Zaloten, diversem Gegrills a leckeren Desserten entscheed.
Och d’Gedrénks soll net ze kuerz kommen, an dofir sinn all Gedrénks am Präis mat dran. Dat geet vu Béier iwwer Wäin bis hin zum Melonenschnaps. Et geet also sécher keen duuschtereg heem!
Programm
Location
Präis
Fir dass jiddereen sech eisen Anniversaire leeschte kann, hu mir décidéiert zwee Präiskategorien unzebidden. Mir froen net no Immatrikulatiounsbescheinegungen, a vertrauen hei op Är Éierlechkeet.
Student
35€
Net-Studenten
60€
Wéi kann ech mech umellen?
Fir sech unzemellen geet et duer, den Umeldungsmontant (35€ fir Studenten | 60€ fir net Studenten) op eise Konto ze iwwerweisen.
IBAN: LU51 0030 5421 7778 0000
BIC: BGLLLULLXXX
Vermierk: 25 Joer LSH, Numm + Virnumm
Gäre kënnt der iech och an eisen 25 Joer LSH Newsletter umellen. Fëllt dofir einfach dëse Formulaire aus: https://forms.office.com/e/JiY6iqYRER
Wat ass den Dresscode fir den Anniversaire?
Casual Chic bis Chic – jee nodeem wouran ee sech méi wuel fillt.
Kann ech och Fotoen aus menger Zäit am LSH eraschécken?
Jo, doriwwer géife mir eis immens freeën! Schéckt eis gären e Message iwwer Social Media oder per Mail, da loosse mir Iech e Link fir eis Cloud zoukommen, an Dir kënnt Är Fotoen eroplueden.
Dierf ech ee Plus-1 matbréngen?
Dat ass kee Probleem, déi Persoun ka sech ganz normal umellen, soll awer de volle Präis vu 60€ bezuelen, och wann se nach Student ass.
Gäre kënnt dir d’Event och mat Äre KolleegInnen aus Ärer Studienzäit deelen!