Moien, 

mat enger Tréin am Aen trennen ech mech vu menger léif gewonnener Wunneng zu Heidelberg. Ech als Hauptmieter sichen also eng Persoun déi déi Charge gären géif iwwerhuelen (gären mei dozou) an erenplennert. D’Wunneng huet 4 Kummeren ,eng grouss oppe Kichen, 1 Buedzëmmer an eng eenzel Toilette mat Wäschmaschinne . 3 vun deene Kummere  goufen als Schlofkummer an 1 als kleng Stuff benotz. 2 Kummere gi sécher fräi, an eng steet nach op well een haut zu daachs net weess wou et am Master hi geet. Well mir d’Wunneng mat léift geriicht hunn, géifen  mir bal sämtlech Miwwelen/ Deko/ Kichesaache géint eng Zomm weiderginn. Dobäi gëtt 1 Schlofkummer ganz ausgeraumt a kann nei ageriicht ginn. 

D’Wunneng ass um 1. Stack ouni Lift, huet e leckeren Italieener ënnert sech (gäre mei Infos dozou), gratis Parkplaze ronderëm d’Gebai, ganz léif, onkomplizéiert a kooperativ Uspriechpartner falls eppes ass. Zu fous erreecht dir den Netto an den Lidl (7 Minutten zu fous), den Rewe/dm/Aldi sinn e bëssen méi weit fort (15 Minutten zu fous). Dir kommt mam Vëlo & Bus, mat der S-Bahn oder mam Tram an d’Aalstadt, jeeweils braucht dëst tëscht 15 a 30 Minutten.

Bei all Aart vu Fro, egal op grouss oder kléng kennt dir mir gären ënnert dem +352 621147610 uruffen oder e Whatsapp schécken. 

Wunneng/WG-Zëmmer: Wunneng
Address: Erlenweg 22
Uertschaft: Heidelberg Kirchheim (Rohrbach)
PLZ: 69124
Fräi ab dem: 01/10/2024
Warmmiete: 1.530,00
Kaltmiete: 1.200,00
Quadratmeter: 127m²
Email-Address Kontaktpersoun: sarahkieffer82@gmail.com