Moien,

Ech sinn den Felix an a menger 5er WG ginn lo demnächst 2 Zemmer fräi, eng Ufank August ouni Balcon an eng den 1. September matt Balcon. Et ass eng gemeschten WG. D’ Miete ass zwar mat 750 héich, mee eis WG huet awer vill Virdeeler. Zum engen läit se immens gutt an et bräuch een mam Velo just 10- 15 min bis an d’ Altstadt an d’ Neuenheimer Feld ass och net wäit ewech. D’ Busser an d’ Straßenbahn sinn direkt nierwend der Wunneng an och den Hauptbahnhof ass an 5min zu Fouss ereechbar. Zum aaneren huet jiddereen säin eegent Zemmer + Buedzemmer (Dusch + WC) an mer deelen eis just d’ Kichen and d’ Wäschkichen. 

Zu der WG:

Mäin Numm ass Felix Lux an ech studéieren Germanistik an Philo op der Uni Heidelberg. Ech interesséieren mech fir Musik an Sport. 

Den Khaleel bleiwt och an der WG. Heen ass en Phd Student an den Neurowessenschaften. Heen fiert gäeren Velo.  Matt himm schwätzen mer englesch, mee heen léiert grad däitsch.

Den Daniel bleiwt och nach an der WG. Heen mecht lo säin Master an “data and computer science”. Heen interesséiert sech fir Sport an matt himm kann een heinsto och en ganz spontanen Dag maachen. Matt himm schwätzen mer däitsch oder englesch.

Wann d’ Wieder gutt ass ginn mer gäer mol zesummen op d’ Neckarwiss oder heinsto och mol an d’ Altstadt oder mer maachen kleng Ausflig. Wann d’ Wieder manner gutt ass setzen mer och gäeren owes nach bessen an der Kichen an schwätzen iwwert déi verschiddensten Themen.
Mer hunn eng immens gutt WG Atmosphäre an wieren frou, wann mer déi och matt eisen zukünftegen neien Mattbewunner hätten 🙂

Bei Interess, w.e.g sou séier wéi méiglech mellen. Den Kontakt matt den Interessenten leeft nämlech iwwert den Vermieter. Heen huet mer gesoot ech kéint himm awer Virschléi maachen.

Wanns du interesséiert bass, dann schreiw mer gäeren eng Mail:

felilu070@gmail.com

Léif Gréiss an hoffentlech bis gläich!

Felix Lux

Wunneng/WG-Zëmmer: WG-Zëmmer
Address: Karl-Metz Straße 4
Uertschaft: Heidelberg-Bergheim
PLZ: 69115
Fräi ab dem: 01/09/2024
Warmmiete: 750,00
Kaltmiete: 620,00
Quadratmeter: 20m²
Email-Address Kontaktpersoun: felilu070@gmail.com