Wat ass den LSH?

D‘Lëtzebuerger Studenten zu Heidelberg, kuerz LSH, ass den Numm vum Lëtzebuerger Studentencercel zu Heidelberg. Mat ronn 55 Memberen an enger Existenz vun 20 Joer, ass den LSH e relativ jonken a klengen, mee dofir awer e ganz aktive Cercle.
D‘Ziil vun der ASBL besteet dodran, den neie Studentinnen a Studenten ze hëllefe fir sech méi einfach an hirer neier Heemecht erëm ze fannen an sech besser ze integréieren. An deem Sënn ass d’Aarbecht vum Cercle also d‘Leit zesummenzebréngen, den Austausch ënnerteneen ze fërderen an
Informatiounen iwwert gemeinsam Owender, Aktivitéiten a Partien ze
liwweren. Niewent den Events zu Heidelberg selwer steet de Comité a
reegelméissegem Kontakt mat anere Cerclë wéi och der ACEL. Als Beispill fir des Kooperatioun mat der ACEL kann een ënnert anerem de Student fir een Dag nennen deen et erméiglecht, de Schüler een Abléck an d‘Liewen als Student ze ginn. Den LSH ass och op aneren Events vun der ACEL wéi zum Beispill um Tournoi de Noël oder um Studentebal vertrueden.
Niewent den traditionellen Events wéi d‘Bienvenue am Ufank vun all
Semester an der järlecher Chrëschtfeier, organiséiert de Comité vum LSH a reegelméissegen Ofstänn divers Owender: vu sportlechen Aktivitéite wéi Bowling oder Lasertag bis hin zu Karaoke oder Winetasting.