Pubquiz
Léif Studenten,den LSH invitéiert häerzlech op de Quizowend de 15. November .Bei verschiddenen Kategorien kennt dir är gro Zelle richteg un dämpe bréngen . Treffpunkt ass um 19:30 an der Soccarena. Mir freeën eis dech ze gesinn!
Stammdësch
Eckstein Fischmarkt 3, Heidelberg, DeutschlandMannheim rausgoen
Léif LSH Frënn, mir invitéieren häerzlech mat eis Freideg den 24. November op Mannheim feieren ze goen. Mir treffen eis um 21:00 Auer um Heidelberger Hauptbahnhof fir do zesummen op Mannheim ze fueren. Zu Mannheim gi mir zesummen nach eppes Drénke befier mir dono a verschidde Clibb wei " Das Zimmer " , "SOHO" oder an den "Tiffany" féieren gi. Fir zeréck kennt dir/mir zu Mannheim um...
Bowling
Firebowl Bergheimer Str. 139-151, HeidelbergDen LSH invitéiert op ee flotte Bowlingowend. Mir treffen eis um 20:45 am Firebowl zu Heidelberg fir dass mir pünktlech um 21:00 kennen ufänken. Platzen sinn limitéiert, also mellt iech schnell un! Wichteg: Dir musst den Owend selwer 10€ Cash matbréngen fir den Bowling ze bezuelen. Den LSH iwwerhëlt fir d'Memberen d'Leihgebühren fir d'Schong.
Badische Meile
D'AELK schreift:Léif Cerclen, léif Frënn vun der AELK, Wéi all Joers fënnt eisen traditionellen Intercercle "Badische Meile" rëm am November statt. Och wann de Schwéierpunkt beim Drénken läit, gëtt den sportlechen a kulturellen Aspekt natierlech net vernoléissegt an dat Ganzt wäert a Form vun engem Rallye oflaafen. D'Gruppe fir de Rallye ginn vun eis opgestallt,...
Schnuppercomitésversammlung
Léif Studenten, dëst Joer hunn mir entscheet eng Schnupperversammlung ze maache fir déi Leit déi wëllen nächst Joer an de Comité kommen. Esou hutt dir d'Chance iech ee Bild ze maache wat op iech géif duer kommen. Wann dir interesséiert sidd, kënnt dir eis gären eng Mail schreiwen oder eis op de Sozialen Netzwierker kontaktéieren.
Chrëschtmaart zu MA
Léif Heidi-Unhänger , den 6. Dezember gi mir zesummen zu Mannheim op den Chrëschtmaart. Mir treffen eis spéitstens um 18:00 Auer zu HD um Hauptbahnhof an fueren dann um 18:03 mat der S1 op Mannheim. Do wäerten mir eis eppes ze Iessen an ze Drénken huelen an iwwert den Chrëschtmaart goen. WICHTEG: Cash mathuelen