16. Oktober @ 18:45 – 17. Oktober @ 1:00
WICHTEG INFO:
Virun der Bienvenue ma mer dëst Semester nach eng Mini-AG, fir eis Statuten kënnen ze stëmmen. Dofir treffe mer eis schonn um 18h45.
Léif Memberen an déi déi et gär géife ginn,
De 16. Oktober feiere mir ewéi all Semesterufank nees eis Bienvenue. D’Bienvenue ass en Event wat sech bei eis iwwer Joren als Traditiounsevent gehal huet.
Et geet drëms, no enger laanger virliesungsfräier Zäit erëm e puer bekannt Gesiichter ze gesinn a mat hinnen e Patt ze drénken, ma et geet awer och dorëms, nei Gesiichter begréissen ze kënnen, kennenzeléieren, a Wëllkomm ze heeschen zu Heidelberg an am LSH.
Dofir freeë mir eis iech och dëst Semester invitéieren ze kënnen. Dat ganzt fänkt um 19h00 um Universitätsplatz beim Buer un, wou et dann eng kleng Virstellung vum Comité an deen een oder anere leckere Meloneschnaps gëtt, bevir mer da weider an d’Mel’s Bar zéien. De Mel’s ass eng Bar direkt op der Maartplaz an engem Keller, dee mir fir dee ganzen Owend dann och fir eis hunn.
Egal ob dir also nei an der Stad sidd, ob dir schonn e puer Joer an der Stad sidd a bis lo nach ni eppes mat eis ze dinn hat, oder ob dir keen Event vum LSH verpasst – jiddereen ass wëllkomm, a mir hoffen natierlech drop, méiglechst vill nei Leit kennenzeléieren. Dir dierft iech gären hei op eisem Site fir d’Event umellen, oder dir taucht einfach spontan um Uniplatz op. Wien méi spéit an de Mel’s nokomme wëll, dee seet eis am beschten am Viraus Bescheed.
Ären LSH Comité.