- Diese Veranstaltung hat bereits stattgefunden.
30. November @ 18:00 – 23:30
D’AELK schreift:
Léif Cerclen, léif Frënn vun der AELK,
Wéi all Joers fënnt eisen traditionellen Intercercle „Badische Meile“ rëm am November statt. Och wann de Schwéierpunkt beim Drénken läit, gëtt den sportlechen a kulturellen Aspekt natierlech net vernoléissegt an dat Ganzt wäert a Form vun engem Rallye oflaafen. D’Gruppe fir de Rallye ginn vun eis opgestallt, dir kënnt awer 1 Persoun uginn vun där dir iech net trennen wëllt. (Déi jeeweileg Persoun muss iech och uginn!) Trotzdeem kënne mir iech net garantéieren dat dëst bei jidderengem berécksiichtegt gëtt.
START:
Wéini? Donneschden, den 30. November um 17:00 Auer.
Wou? Virum Hatz am Markt (Kaiserstraße 76, 76133 Karlsruhe)
De Rallye selwer ass gratis. Dësen geet awer duech Caféen, denkt dofir och drun Cash dobäi ze hunn.
Hei ass den Link fir d’Umeldung:
Mir freeën eis op iech,
Bleift sëffeg,
Bis dann!
AELK ❤️